D'Jenny gewënnt zu Rotterdam - Dutch Open 2016


29 March 2016

Bei der Premier League zu Rotterdam konnt nees een Athlet vu Walfer alles iwwertreffen: d’Jenny Warling! Hat gewennt d’Dutch Open fir déi éichte Kéier a senger Carrière a steht sou ganz uewen um Treppchen an Holland.



Dem Jenny huet sech bei sengem Optakt e bësse méi schwéier gedo, wéi hat sech dat vielleicht erwaard hat. Nodeems d’Angschtgéignerin aus dem Iran net do war, ass d’Jenny direkt am zweeten Tour géint Portugal ugetrueden. Hei dauert et bis hin zur Abiterdécision, déi d’Walfer Athletin 4-1 fir sech entscheed.

Vun du nun ass et nemme nach Bierg op gaang! D’Jenny kämpft géint Athletinnen aus Daitschland an Taipei, gewënnt souverän mat 6-0 an 2-1.

Dun an der Hallewfinal huet et rem spannend ausgesin, d’Géignerin aus der Ukraine huet och seng Virronnen dominéiert. Sou stoung et och scho no manner wéi 10 Sekonnen 0-3. D’Jenny huet sech dovun awer net irritéiere gelos an ass iwwer sech herausgewues. De Match geht 7-3 aus, d’Jenny dominéiert!

Owes sin d’Finallen, alles grous opgezun mat Lightshow a Bühn. D’Jenny steht um Tatami mam Emilie Thouy, Vizeweltmeeschterin aus Frankreich. Bis elo konnt d’Walfer Athletin nach nie géint hat gewannen, mee haut sollt alles anecht goen. D’Jenny mecht deen éicht Punkt, get awer duerno nees ausgekontert. Nom 1-1 verbleiwe just nach 10 Sekonnen, déi d’Jenny awer erfollegreich notze kann! Hat setzt den zweete Punkt an hellt sech esou den Titel vun den Dutch Open!



Et waren awer nach zwee Athleten vu Walfer zu Rotterdam ennerwee. De Philippe Biberich kämpft bei de Männer bis 67 kg, packt et awer leider net duerch den éichten Tour. De Géigner aus Peru ass ze staark.

Et bleiwt beim Ian Pocervina am Kata fir nach eng Kéier ze impressionéieren. An der Kategorie mat 126 Kämpfer gewënnt hien direkt seng éicht Ronn 5-0, sei Géigner aus Ungarn huet keng Chance. De Ian hält seng gudd Form a gewënnt och den nächsten Tour, dat 3-2 géint Indonesien. An der drëtter Ronn war dun awer Schluss fir hien, de Match géint d’Nummer 2 aus Portugal geht 0-5 aus.