4 Mol Kata, 4 Mol Kumite - Coupe de Kayl 2016

Luana Gengler a Philippe Biberich



21 October 2016

Wéi all Joër war de KC Walfer och bei dëser Editioun vun der internationale Coupe de Kayl vertrueden. Insgesamt 8 Medailen hun d'Athleten gewonn, déi e Samsten an e Sonden um Tatami stoungen.



Den Ufank huet dat jengst vun eise Competiteure gemaach, d'Claire Grün. Hat ass um Samsdemoien am Kata bei den U12 ugetrueden. No engem holprege éichte Match, deen d'Claire 2-3 verluer huet, konnt hat sech iwwert de Repêchage op déi drëtt Plaatz kämpfen. Mat insgesamt 3 gewonnene Matcher ass dat eng super Leeschtung fir dat jonkt a karatebegeeschtert Meedchen!

Weider gaang ass et mat eisen 3 Senioren am Kata. D'Anna Albrecht, wat normalerweis an Daitschland beim KD Lich trainéiert, huet bei sengem éichten Optrëtt fir de Verein Bronze gewonn. Genee wéi beim Claire, huet och hat sech missen op 1 Punkt am éichten Tour geschloe gin, konnt sech awer duerno mat 2 gewonnene Matcher op de Podium kämpfen.

Bei de Männer waren de Bryan Antony an de Ian Pocervina ennerwee. An engem schwéieren Starterfeld konnt de Bryan sech bis an d'Final duerchsetzen, huet awer leider do sei leschte Match missen ofgin. D'sëlwer Medail ass awer eng schéi Belounung fir seng 3 gewonne Virronnen. De Ian konnt sech op der anerer Seit bis an d'Hallewfinal kämpfen, wou awer och hien 1-4 misst eng Ronn ofgin. Am Repêchage get hien awer um Schluss Drëtten, woumadder de KC Walfer 2 Medailen bei den Herren kann mat Heem brengen.



Och d'Athleten aus dem Kumite waren erfolgreich ennerwee. Vu sech iwwerzegen konnt de Noah Bettendorff, deen bei den U18 -68 kg zweete get. An enger spannender Halwerfinal konnt hien e 0-4 Reckstand ophuelen an zu engem 8-5 emwandelen. An der Final sollt et nees ganz knapp gin, de Noah kasséiert an dene leschten 2 Sekonnen deen eenzegen an entscheedende Punkt aus dem Match. Trotzdem eng staark Leeschtung vum Junior.

D'Luana Gengler ass bei den U16 -54 kg ugetruden, an huet sech hei eng weider Bronzemedail gesechert. Bis op 1 verluerene Match, konnt hat an all denen anere Ronnen seng Géignerinnen zu 0 bezwengen!

Als lescht stoung de Philippe Biberich um Tatami. Hie konnt direkt an 2 Kategorien iwwerzegen a gewennt Sëlwer a Bronze bei de Senioren -70 kg an am Open. No 6 Matcher konnt de Philippe sech also gleich 2 Mol um Podium zu Kayl weisen.



Détailléiert Resultater fannt die am Annexe!

Coupe de Kayl - Résultats.docx