"Merci Sonja"


13 May 2015

Den 22. Abrëll goufen d’Memberen vum Karate Walfer op dem Club seng alljähreg Assemblée Générale gelueden. Nierwend de gewinnte Riede vum Comité a vum Walfer Gemengerod gouf et awer dëst Joër och nach méi e speziellen Highlight vum Owend.



No laanger an erfollegreicher Carrière huet d’Sonja Steland sech vum active Compétitiounsliewen verabschied. Zesumme mam Misch Feidt gouf um Mettwochowend op 18 Joër Nationaléquipe, 13 Joër COSL a 7 Joër Karate Walfer zreckgekuckt.

Resultater wéi Studenteneuropameeschterin 2007 a Montenegro, oder Vice-Meeschterin vun den German Open 2002 bleiwen eis an Erënnerung, wéi op d’Sonja ugestouss gett. Och eng Kreizbandverletzung konnt hat net laang vun der internationaler Elite eweg halen: 2013 gett d’Walfer Athletin Grand Winner vun der WKF Premier League . Als leschte perséinlechen Highlight kuckt d’Sonja haut nach gaer op déi nengte Plaatz am Team op der WM zu Bremen d’lescht Joër zreck. Notamment ass dat hei just e klengen Abléck op dem Sonja seng Carrière, deen eis weist wéi hat sech e Numm am Lëtzeboier Sport gemaach huet.



An dene leschte Joeren huet hat sech och als Trainingspartnerin vum Jenny Warling etabléiert. Sou konnt hat mathëllefen d’Sportlerin vum Joer 2014 ze formen an dohinner ze brengen, wou hat haut ass. Dementspriechend schwéier war och duerfir den Ofschied fir d’Sonja, wat sech gaer an nächster Zukunft op aner Projeten konzentréiert.

De Karate Walfer seet “Merci Sonja”, an hofft hat nach laang als Member ze behalen!

De Comité zesummen mam Walfer Gemengerod.jpg