Besuch aus Hessen
01 May 2015
Dass eise President Misch Feidt duerch d'Joere vu senger Karriere vill Frënn an der ganzer Welt gemaach huet, ass allseits bekannt. Heiandsdo kennt et dann och mol vir, dass sou eng Persoun hiere Wee bei hien op Walfer fennt...
Dëst war de Fall an der leschter Abrëlls Woch mam Desiree Albrecht. Op Besuch beim Karate Walfer war eng ehemoleg Athletin aus der Daitscher Nationaléquipe. E beandrockenden Palmarès huet d’Desiree firzeweisen:
2 Bronze Medailen bei den Europameeschterschaften, 2 fënneft Plaatzen bei de Weltmeeschterschaften, an zu gudder lescht 2 Titelen als Shotokan Weltmesschterin, dëst alles am Team. Am Eenzel net manner erfolgreich mat enger véierter Plaatz bei der Shotokan WM!
Haut trainéiert d’Desiree beim KD Lich, wou seit 2013 och eise Ian Pocervina trainéiert an als Compétiteur untrëtt. Hat war fir 3 Deeg zu Lëtzebuerg, wou et mam Misch zesummen trainéiert huet an och Training gehal huet. Schéin Erënnerungen sin dobei och beim Karin Mayer opkomm, aus der Zeit wou sie zesummen als Athletinnen ënnerwee waren. Déi zwee verbënnt haut nach hiert Trainingsgeschier, wéi een op de Fotoen geseit.
E klengen Optrëtt am Bësch konnten d’Desiree an de Misch sech dann och net verkneifen. Am Unhang fannt der d’Fotoen vun hierem Kata Tekki Shodoan.
De KC Walfer mam Desiree Albrecht.jpg
Desiree Albrecht an Karin Mayer.jpg
Desiree an de Misch 2.jpg
Desiree an de Misch 3.jpg
Desiree an de Misch 4.jpg
Desiree an de Misch 5.jpg
Desiree an de Misch.jpg
Desiree mam Kata Tekki Shodan.jpg
Desiree mam Kata Tekki Shodan 2.jpg