Championnat National Kata 2016


14 March 2016

D’lëtzebuerger Karateélite huet sech um Sonden nees an der Coque afonnt fir d’alljährlech Kata Landesmeeschterschaft. Och de KC Walfer war hei vertrueden, a konnt insgesamt 8 Medailen mat Heem huelen.



Ennert der Leedung vum Steve Bettendorff ass et Moies mat den Herre lassgaang. De Bryan Antony an de Ian Pocervina si bei de Senioren ugetrueden, an hun „nëmme“ mat Bronze ofgeschloss. Déi zwee hätte net méi knapp kënnen hier respektiv Hallewfinale verléieren, dëst mat 2-3. De Repêchage dominéieren si duerfir awer souverän.



Déi zwee Athleten waren dun awer méi wéi motivéiert fir et am Open besser ze maachen! De Kapp ass frei an déi zwee wuessen iwwert sech hinaus. No enger stabiller éichter Ronn muss de Bryan sech awer nees an der halwer Final geschloe gin, rem mat 2-3. Am Repêchage trëfft hien dun op sei Clubkamerod Egan Paquay. Dee 16 Joër ale Walfer ass déi éichte Kéier bei der Elite dabei, a konnt direkt eng Ronn fir sech entscheeden. Géint de Bryan fehlt et awer nach un Erfahrung. Den Egan get fënneften, de Bryan drëtten.

An der anerer Seit vum Tableau kämpft sech de Ian duerch bis an d’Final. Och hie nass entfesselt, léisst Athleten aus Esch an Déifferdéng 4-1 a 5-0 hannert sech. An der Final trëfft de Ian dun nees op de Patrick Marques. Hien notzt seng zweet Chance an hellt Revanche fir d’Seniorskategorie. De Match geht 4-1 fir de Ian aus, an den Open-Titel geht altnees op Walfer!



Dem Egan Paquay ass déi fënneft Plaatz bei den Open awer net duergaang. Hien trëtt bei den U18 un, a gewënnt do Sëlwer! No enger Virronn steht den Egan an der Final, wou en sech och just mat engem Punkt muss geschloe gin.



Eng wieder Medail bréngt d’Maïwen Paquay mat op Walfer. Hat trëtt bei de Meedercher bis 14 Joër un an huet e beandrockende Parcours virzeweisen: véier gewonnen Tir, alleguer 5-0! Leider war et just an der Hallewfinal net duergaang fir d’Maïwen.



Déi lescht Medailen bréngt d’Famill Olafsson mat. D’Elena a sei grousse Brudder Erik gewannen allenzwee Bronze. D’Elena gewënnt drei Ronne bei den U8, den Erik véier bei den U10.



Domadder ass d’Championnat fir Walfer eriwwer, an de Club land op der véierter Plaatz am Medailespigel. E grousse merci un d’Trainer an d’Coachen, déi dëst erméiglecht hun!

Résultats du KC Walfer au Championnat National Kata 2016.docx