Deutsche Meisterschaft 2015

D'Jenny Warling an de Ian Pocervina zu Aschaffenburg



27 April 2015

Um Sonden de 27. Abrell huet de KC Walfer op Aschaffenburg gekuckt. Hei hun d’Daitsch Meeschterschaften stattfonnt, a gleich zwee vun eisen Athleten hate sech fir den Highlight am Daitsche Karate qualifizéiert. Fir d’Jenny Warling heecht et Mission Titelverteidigung mat der Kampfgemeinschaft Mayen/Schifferstadt, während et eng Première fir de Ian Pocervina vum Karate Dojo Lich gouf.



No 3 Ronnen géint Teams aus Nordrhein Westfalen, Baden-Württemberg an Thüringen stoung d’Jenny nees an der Final. Hat koum an all Ronn zum Asaatz a bis op een 0-0, konnt hat och emmer iwwerzegen.

Um 14:00 Auer as et dunn an d’Final gang. No enger 1-3 Niderlag vun Teamkamerodin Karima Mimouni stoung d’Jenny enner Drock, eng Victoire huet missen hier. Géint Cadette-Weltmeeschterin vun 2013 Johanna Kneer sollt dest keng liicht Aufgab gin. D’Jenny war dem Challenge awer gewues a konnt de Kampf fir sech entscheeden. Déi lescht Ronn as dunn zu Gonsten vum Stella Holczer ausgang, wat dem Team vum Trainer Lukas Grezella Gold abruecht huet.



Manner gudd as et dem Ian ergang. An der staark besater Kategorie vum Kata konnt hie nemmen am éichten Tour iwwerzegen. No engem 5-0 géint de Maximilian Schade aus Berlin, huet hien sech missen dem Lukas Grimm aus Bayern geschloe gin. Domadd war fir hien d’Compétitioun ouni Platzéierung eriwwer.

IMG_3844.JPG

IMG_3849.JPG