Drei Podiumer fir Walfer - Basel Open 2015


02 June 2015

International war de Karate Walfer op e neits erfollegreich. Bei den "5th International Open" zu Basel koum et bei drei Athleten direkt op genau sou vill Medaillen. Ënerstëtzt gouf de Club dobei vum Vulkan-Budo an hierem Trainer Lukas Grazella!



Déi éicht Gold huet sech de Malte Carr erkämpft, dëst bei de Cadets -63 kg. Hien hat just eng Chance fir sein Talent ënner Beweis ze stellen, an huet déi och genotzt. Mat 2-0 huet hien sech géint den Bürgisser Sandro aus der Schweitz duerchgesat. Mat dëser sëcherer Leeschtung stoung hien och schon Uewen um Podium!



Als nächst war et um Philippe Biberich, dat bei de Junioren -68 kg. De Walfer Athlet hat zwou haart emkämpfte Ronnen géint Kämpfer aus Tunesian an Italien. Géint déi zwee international Karatekas konnt hien sech awer jeweils mat 1-0 duerchsetzen, an huet sech sou eng weider Gold fir de Club gesëchert!



Et sollt awer net bei den Erfollëger fir d'Jonge bleiwen, mam Luana Gengler hat Walfer och eng Vertriederin bei de Meedercher. An der Kategorie U14 +45 kg hat d'Luana déi meechte Ronnen. En 3-2 Optakt géint eng Schweizer Athletin schingt e bëssen holpreg, hat huet awer duerno naicht ubrenne gelos. Mat 8-0 an 3-0 huet d'Luana sech seng Plaatz an der Final verdingt gehat. An dësem leschten Tour huet hat sech allerdengs leider missen 0-1 géint d'Selin Sarucan aus der Schweiz geschloe gin. Domad gouf et dann och nach eng sëlwer Medail fir Walfer!

De Malte op der 1. Plaatz.JPG

De Philippe op der 1. Plaatz.JPG

1433228322_Luana op der 2. Plaatz.JPG