Eng nei Saison rifft - Lion-Cup 2015

D'Jenny an d'Luana zesumme mat Trainer Julien Baptiste



13 September 2015

Eng nei Saison steht virun der Dir, an direkt geht et op héigem Niveau lass. Um leschte Weekend gouf vum KC Stroossen zum Lion-Cup gelueden, dee gréißten internationalen Tournoi am Land. Hei ware gleich méi Athleten vu Walfer ennerwee, an dest net wéineg erfollegreich!





Am Kumite U14 -50 kg wosst d’Luana Gengler ze iwwerzegen. Enner 19 Athletinnen konnt hat sech sei Wee bis an d’Final duerchkämpfen. An de Virronnen huet d’Luana eng Englännerin an zwou Hollännerinnen stoe gelos. An der Final goung et dun géint d’Lara Curty aus der Schweiz. E spannende Match ass kloer 2-0 zum Luana senge Gonschten ausgang. Gold fir Walfer!

Net manner si mer gewinnt vum Jenny Warling. Och hat konnt seng Kategorie dominéieren, véier Matcher zu Null fir d’Walfer Athletin. An de Virronnen konnt d’Jenny hei ennert anerem géint d’Sabrina Akpinar gewannen. Des Athletin aus der franséicher Nationaléquipe hat dem Jenny schon op der eng oder anerer Europameeschterschaft Problemer gemaach. Zu Stroossen war d’Jenny sech senger Saach awer secher, a sou huet hat sech Gold verdengt.

Manner gléckleg ass et fir d’Uma Baldeon ausgang. No engem kloeren 8-1 Optaktsieg géint eng englesch Athletin war am zweeten Tour Schluss. Keng Medail fir Walfer bei den U14 +50 kg.

Ähnlech huet d’Fiona Speicher sech vum Tatami missen verabscheden. No engem hart emkämpften 0-0 géint eng Portugiesin ass d’Arbiterdécisioun net zu Gonschten vu Walfer ausgaang. D’Fiona kennt bei de Juniorinnen -48 kg net iwwert den éichten Tour eraus.





Bei de Junioren +76 kg huet de Kevin en ähnlecht Lous gezun wéi d’Fiona. Och hien koum net laanscht sein éichten Géigner, deen de weite Wee aus England ageschlo hat.

Besser ass et bei den U16 -63 kg gang. Hei war de Malte Carr um Start, an huet en impressionant Resultat hannerlos. Ennert 19 Athleten huet hien sech bis an d’Final virgekämpft an dobei Leit aus der Schweiz, Portugal, der Belge an Daitschland hannert sech gelos. Am leschten Tour konnt hien allerdengs wéineg géint sei marrokanesche Géigner maachen. Um Enn war et duerfir Sëlwer fir de Malte.

Fir de Philippe Biberich huet et eng éicht Kéier geheecht bei de Senioren untrieden. Bei -67 kg stoung hien 17 Athleten entgéint. No engem éichte 4-0 huet de Philippe sech am zweeten Tour géint Weltmeeschter Steven Da Costa aus Frankreich misse geschloe gin. Och am Repechage ass et just fir eng Victoire duergang, an de Philippe huet sech mat enger fënnefter Plaatz missen zefridde gin.





Am Kata waren zwee Athleten vu Walfer um Start, dest bei de Senioren. Hei huet de Bryan Antony sech leider mat engem knappen 2-3 géint e schweizer Athlet misse verabschieden. Fir e Repchage ass et an der deck besetzter Kategorie mat 40 Leit och net duergaang.

De Ian Pocervina stoung um Tatami nierwendrun a wosst méi vu sech ze iwwerzeegen. No engem kloere 5-0 géint en Athlet aus der franséicher Nationaléquipe huet de Ian misse géint d’actuel Nummer 5 vun der Welt, den Yvan Rodriguez aus der Belge, untrieden. De Match ass 4-1 fir de Ian ausgaang, wat schlussendlech trotzdem net fir eng Medail sollt duergoen. Am Tour duerno war och fir de Ian Schluss.