Philippe a Jenny Europameeschter - Wado EM 2015


02 November 2015

De Chinto Kayl hat dëst Joer de Privilege, déi 43. Wado Europameeschterschaft ze orgniséieren. Insgesamt 16 Natiounen hun sech um 31. Oktober an der Coque fir dësen Event afonnt, an och de KC Walfer sollt hei gudd vertruede gin. All eis Resultater befannen sech des Kéier awer beim Kumite. De Wado Ryu ennerscheed sech als Stylrichtung am Kata zevill vum Shotokan, wat eng Participatioun fir d'Techniker onméiglech mecht!



D'Jenny Warling an de Philippe Biberich konnten sech allenzwee an hiere Kategorien duerchsetzen. Ennert der Leedung vun Trainer Julien Baptiste hun déi zwee bei den Seniorinnen, respektiv bei den U21 Gold a soumadd den Titel Wado Europameeschter gewonn. De Philippe sollt sech och nach bei de Senioren probéieren, wou en sech allerdengs huet misse mat der drëtter Plaatz zefridde gin.



Weider Platzéierungen goufen et vum Sonja Steland an dem Malte Carr, déi allen zwee mat Bronze Heem gaang sin de Weekend. En weideren Héichpunkt gouf gesat vum Luana Gengler, wat bei den U14 d'sëlwer Medaille gewënnt.