Véier Podiumer fir Walfer - Coupe Internationale de Kayl 2015


19 October 2015

De KC Walfer huet sech op der jährlecher “Coupe Internationale de Kayl” mat 4 Medaillen op e Naits gudd verkaf. Vun de 6 gemellten Athleten konnten sech der 4 Steck bis an d'Final duerchsetzen, och wann net jiddereen vun hinne mat Gold sollt Heem goen!



Dat beschte Resultat geht op de Konto vum Philippe Biberich. Bei den U21 -70kg huet hie sech bis op déi éicht Plaatz vum Podium virgekämpft. Op sengem Wee dohinner huet de Walfer Géigner aus Frankreich an der lëtzeboieger Nationaléquipe hannert sech gelos. Och an der Final huet de Philippe kloer bewissen, wien dee bessere war, a gewënnt mat 5:0 géint den Alexi Rapilair!

De Noah Bettendorff ass eng Alterskategorie drënner ugetrueden, U18 -61 kg. Genau wéi sein Teamkamerod huet hien et bis an d'Final gepackt. No 3 Victoiren sollt dun awer hei Schluss sin an de Noah muss sech um Enn mat Sëlwer zefridde gin!

Déi lescht Medaille am Kumite geht op de Konto vum Uma Baldeon. Hat huet 3 Ronne géint Ahtletinnen aus Frankreich, Daitschland an der Belge gewonn, a stoung dun an der Final géint d'Eva Brognon. Hei sollt et leider net méi duergoen, an d'Uma get Zweet bei den U14 +45 kg.

De Misch Feidt hat mam Luana Gengler a Kevin Thull 2 weider Athleten a sengem Kader. Fir déi 2 war allerdengs schon an der éichter Ronn Schluss.



Am Kata stoungen de Bryan Antony an de Ian Pocervina um Tatami. Ennert der Leedung vum Steve Bettendorff konnt de Ian sech bei de Senioren d'sëlwer Medail secheren. A senge 4 Ronne bis an d’Final huet hien Techniker aus Frankreich, Éistereich an Daitschland hannert sech gelos. Sein Titel vum Virjoer huet de Ian awer missen un de Soheil Zareian aus der Belge ofgin.

Fir de Bryan gouf et eng kloer 5-0 Optaktvictoire géint en Ahtlet aus Holland. An der zweeter Ronn gouf et duerfir méi knapp, an de Bryan huet sech misse géint de Cyril Casinhas geschloe gin.



Insgesamt kann de Club sech iwwer seng Erfolleger freeën, a wärt natierlech bei der nächster Editioun vun der “Coupe” nees derbei sin!