Walfer op Plaatz 2 - Milon Cup 2016


18 January 2016

Wéi emmer am Januar huet och dëst Joër de Karate Club Bettembourg hieren internationalen Turnoi organiséiert. D'Coupe zu Éieren vum franséiche Weltmeeschter Michaël Milon gouf et schon fird 11. Kéier, a kennt nach wie vor grousse Succès an der Regioun.

De KC Walfer huet et bei dëser Ausgab op déi zweete Plaatz am Medailespigel geschafft, a get domadder op e Neits d'Nummer 1 vun de lëtzebuerger Vereiner!



4 Gold, 2 Sëlwer a 6 Bronze Medailen huet Walfer mat Heem geholl. Lass gaang ass et wéi gewinnt mam Kata Moies. Hei huet Trainerin Desiree Albrecht d'Equipe vun de Veteranen ugeféiert, a bei den +35 kämpfen eis Dammen all géinteneen. Um Schluss steht d'Desiree Uewen um Podium, virum Armelle Bay. Déi drëtt Plaatz deelen sech d'Angela Lima an d'Nora Holter. D'Desiree trëtt außerdem bei den Seniorinnen un, wou et um Enn nach eng Bronzemedail kritt!

Weidergaang ass et mam Ian Pocervina an dem Bryan Antony. Eis zwee Kannertrainer si bei de Senioren ugetrueden, a maachen och zwou Plaatzen. De Bryan huet sech an der Hallewfinal géint de Yassine Bouchahrouf misse geschloe gin, konnt sech awer iwwer de Repêchage Bronze secheren. De Ian gewënnt seng 2 éicht Tir 5-0, a steht an der Final dem Bouchahrouf entgéint. E knappen 3-2 bréngen dem KC Walfer eng weider Goldmedail an! Déi zwee bedanken sech um Enn bei hierem Trainer Steve Bettendorff fir d'Preparatioun!

De 16 Joër an 1 Dag alen Egan Paquay muss sech eng éicht Kéier bei den U18 beweisen.Hie weist sech der Aufgab gewues, an hellt eng Bronzemedail mat Heem. Eng excellent Leeschtung fir déi éicht Kéier an enger neier Kategorie!



Déi rechtleg Platzéierungen gin op de Konto vum Kumite. D'Jenny Warling wosst wéi emmer vu sech ze iwwerzegen: Gold bei de Seniorinnen am Open. D'Jenny geht duerch drei Ronnen ouni Géigentreffer, a léisst an der Final d'Cassy Schmit aus der Nationalequipe 5-3 stoen!

Och d'Luana Gengler get d'Nummer 1 um Samsden, dëst bei den U14 -55 kg. D'Luana huet insgesamt 3 Ronnen, déi et alleguer kloer gewanne konnt.

Net ganz duergaang ass et fir d'Uma Baldeon. Och hat ass an enger neier Kategorie, anzwar bei den U16 +54 kg.No zwou Ronnen steht d'Uma an der Final géint eng Athletin aus Schottland. De Match geht 0-0 aus, an d'Arbitren décidéieren zu Ongonschten vum Uma. Hat geht mat Sëlwer Heem!

Zum Schluss ass d'Fiona Speicher ugetrueden. Nodeems hat sech dem Svenja Hoffmann geschloe muss gin, erreecht hat eng drëtt Plaatz bei den U18 -53 kg.



Den détailléiete Parcours vun eisen Athlet steht als Word-Document zur Verfügung.

Résultats du KC Walfer à la Coupe Milon 2016 à Bettembourg.docx