Walfer Vollekslaf 2015


05 October 2015

De Karate Club Walfer féiert seng Aktivitéiten an der Gemeng erfollegreich weider. Traditionell gouf op Pappendag de Walfer Vollekslaf ofgehal, dest Joer déi 40. Editioun. Passend zum Jubiläum sollt dun och keen aneren wéi eise Président Misch Feidt de Walfy op der Course mat der Startnummer 2015 sin!



Flahsback - Walfer Vollekslaf 2014: D'Course ass gelaf, Zeit fir eng kleng Ofschlossfeier. D'VIP-Zelt steht, de Champes ass kaal an déi wichtegst Leit aus der Gemeng si gudd gelaunt. Deen een oder anere vielleicht e bëssen zefill... Nom 3-4 Glaas steigt de Courage a Riede gi geschwong: "12 km packen ech io locker, um Jubiläum nächst Joer spillen ech problemlos de Walfy fir ierch!" Sou waren d'Weider vum Misch Feidt, an et sollt net laang daueren bis e beim Wuert geholl gouf...



Am Laf vum Joer gouf eise Kulttrainer vun der Organisatioun kontaktéiert, an hien huet natierlech sei Wuert gehal: Walfi 2015! Training war ugesot, mee de Wee sollt sech als méi schwéier duerstellen wéi geplangt. E Middegkeetsbroch an eng Zerrung hun d'Participatioun vum Misch op d'Kipp gesat. Eng Léisung huet missen hier! An engem Verzweiflungsschlag scheckt de Misch eng Email un aal an aktuell Membre vu sengem Karate Club. "Ech hun ierch all déi Joeren begleet, lo brauch ech dat nämlecht vun ierch!" An dem Misch sei Ruf sollt Äntwert erhalen...



Um Sondemoien treffen sech Athleten a Legenden vum Karate Walfer am Dojo zesummen fir de Misch op sengen 12 km ze begleden: Tessy Scholtes, Bob Feidt, Lory De Cillia, Manou Ginter, Karin Mayer a Jean-Paul Thiefels, Sonja Steland, Pierre Schroeder, Kim Decker, Ian Pocervina, Elaine Grofilier, Felix Kieffer, Tanja Ernster an zu gudder Lescht d'Jenny Warling. Eng Équipe wéi et se keng zweet Kéier get!



An der Begledung vun Europameeschter, Vize-Weltmeeschter a Sportlerinne vum Joer sollt d'Course dun och e Klacks gi fir de Misch. Mat 1:21:35 leeft hien iwwer d'Ziel, déi ganzen Zeit vu sengem Team ugefeiert an Ennerstetzt. Um Enn war d'Freet grous an den Challenge gepackt. De Walfy hat fir eng super Atmosphère an der Course gesuergt!



Déi ganz Ustrengung sollt dun och belount gin: op der Siegrehrung get de Misch op d'Bühn geruf, wou e vum Grand-Duc héritier a senger Fra perséinlech gratuléiert kritt. Déi éicht Wieder an de Mikro, zwar nach emmer liicht außer Otem, waren u seng Équipe geriicht. "Ouni ierch hätt ech et net gepackt", sou eise Président zu senge Matleefer. Insgesamt war d'Course eng super Erfahrung fir d'ganz Karate Team Walfer, a vielleicht ass io eng kleng Traditioun domadder gebuer...