Zwee Mol Gold fir d'Jenny! - Euro-Cup 2015


04 May 2015

En héige Standard as e mëttlerweil souwisou vum Jenny Warling gewinnt. De Weekend konnt hat op e Naitst ënner Beweis stellen, firwat dat de Fall ass.



Beim Euro-Cup zu Zell am See (AUT) war eis Europameeschterin mat sengem Daitsche Club Vulkan Budo Mayen vertrueden. Dobei ass et an zwou Kategorien gestart, bei de Seniorinnen Open an am Team.

Am Eenzel huet d’Jenny absolut keen Zweifel gelos, wien dat Bescht wier. Enner 9 Athletinnnen aus 4 Natiounen huet hat keen eenzege Punkt verluer. Mat engem 4-0 géint d’Italienerin Emma Pecirep ass et lass gang. No dëser Ronn schingt d’Jenny richteg warm gelaf ze sin, mat 9-0 géint d’Charlotte Grimm aus Daitschland zitt hat an d’Final an. Do hät et mat 9-0 net méi kloer kënne sin, an d’Jenny steht viru senger Team Kamerodin Marima Mimouni.

Am Team koum et just zu enger Ronn géint eng Schweizer Equipe. Och do konnt d’Jenny sai Match ouni Géigentreffer gewanne, wat him seng zweet Gold Medail fir den Dag abruet huet. De Karate Walfer gratuléiert dëser impressionanter Leeschtung!