3 mol Kata, 4 mol Kumite - Open de Luxembourg 2016


27 April 2016

D’Saison 2015/2016 geht lues richtung Enn, d’Open de Luxembourg hun eisen Athleten d’Chance gin sech nach eng Kéier um internationalen Tatami ze weisen. Den een oder aneren wosst déi Gelegnheet och fir sech ze notzen, a Walfer gewennt 3 Medailen (7 mat de Sportler déi fir d’Nationaléquipe ennerwee waren!).



De Moien fänkt relativ dramatsch un mam Kata. De IAN POCERVINA start bei de Senioren a fänkt selbstbewosst un. Hien dominéiert seng éicht 3 Ronnen a wees ze gefalen. An der Hallewfinal get hie fird éicht vum Déifferdenger syrescher Ofstamung Muhannad Al Ali gestoppt. Mee kuerz drop de Skandal: dem Al Ali sei Papp war Haaptarbiter während senge leschten 2 Matcher!

D’Situatioun eskaléiert kuerzerhand an end mat der Disqualifikatioun vum Al Ali (Haaptgrond sin d’Ausraster vu sengem Déifferdenger Trainer a Coach). D’Hallewfinal get dorops hin widerhol, de Match heecht Ian géint Yvan Rodriguez aus der Belge. De Junioreuropameeschter vun 2010 setzt sech knapp mat 3-2 duerch. Den Haaptarbiter schuetzt um enn vun enger Fehlentscheedung, e schwaachen Trouscht fir de Ian deen d’Final knapp verpasst. Hie gewennt allerdengs sei leschte Match a secher sech esou Bronze.

Op der anerer Seit vun der Haal setzt de BRYAN ANTONY sech awer duerfir duerch. Hie gewennt 2 Tir géint Géigner aus der Belge an aus Holland, fir dann nees dem Letzeboier Nationalathlet Patrick Marques géigeniwwer ze stoen. De Match ass eng exakt Widerhuelung vun der Landesmeeschterschaft. Zu Déifferdeng kritt de Bryan awer d’Mehrheet vun de Fändelen a steht sou an der Final vun de Senioren! Och wann hie sech hei genau wéi de Ian muss géint de Rodriguez geschloe gin, bleiwt et eng super Leeschtung vum Walfer an eng zweet Medail am Kata!



Wieder geht et am Open. Hei trieden déi zwee Jonge nees un, allerdengs mat ennerscheedlech Resultater. De Bryan muss sech hei leider no engem Optaktsieg schon am zweeten Tour geschloe gin. Ouni Repêchage ass domadd fréi Schluss.

Am zweete Pool leeft de Ian duerfir nees op Hochtouren. 4-1, 5-0 a 4-1 heecht et an denen éichten drei Tir. An der Hallewfinal geht et dun géint de WM-Starter aus der Belge Amédéo Di Giovanni. Déi zwee gi volle Risiko mat schwéiere Kata an, zum Schluss setzt de Ian sech awer 3-2 duerch. D’Final get seng elefte Ronn vum Dag, deementspriechen platt muss de Ian sech hei géint de Marquess geschloe gin. Extrem schued, sou kuerz viru Gold ze verléieren, an dëst mat nëmmen 2-3. Trotzdem eng super Leeschtung a Sëlwer fir de Ian!



Déi nächst grouss Iwwerraschung get et bei de Senioren am Kumite -80 kg. Hei wees de KEVIN THULL vu sech ze iwwerzegen. No drei schwéieren Ronnen éint Athleten aus Moldavien, Italien a Spuenien steht de Kevin an der Final géint de Brian Timmermans aus Holland. Och wann hei mat 0-9 naicht ze huele war, huet de Kevin eng super Compétitioun virzeweisen, belount mat Sëlwer!



Eng Catégorie drënner bei -70 steht de PHILIPPE BIBERICH um Tatami. Och hie muss fënnef Ronnen astieche bis en eng Medail geseit. De Philippe dominéiert awer duerfir seng zwee éicht Tir mat 7-0 an 8-0. Wéi de Kevin ennerleit och hie just engem Athlet aus Holland. Am leschte Match get et nach eng Kéier eng géint en Dän, de Philippe brengt awer Bronze mat op Walfer.



Als lescht war et um JENNY WARLING. Eis Europameeschterin huet zu Déifferdeng an zwou Catgorien wéineg ubrenne gelos. Bei -60 souwéi am Open setzt hat sech an insgesamt 5 Matcher duerch a get just am aller éichten ee Punkt of. U senger Victoire konnt och d’Cassy Schmit vun der NAtionaléquipe net vill änneren!



D’Trainer STEVE BETTENDORFF (Kata) a MISCH FEIDT (Kumite) kennen sech also zefridde mat hieren Athlete weisen. Domadd ass och desen Höichpunkt vun der Saison en Erfolleg fir de KC Walfer!

Résultats du KC Walfer aux Open de Luxembourg 2016.docx