6 Medailen fir Walfer - Coupe Prince Louis 2015


30 June 2015

D’Coupe Prince Louis war wéi gewinnt de leschten offiziellen Tournoi vun der Saison 2015. Dës Compétitioun get nom Grade agdeelt, wat den Athleten d’Chance get sech méi fair ze mateneen ze moossen. Ennert der Leedung vum Steve Bettendorff an dem Danny Elsen ass de Karate Walfer mat 20 Athleten ugetrueden, a konnt vun Zolwer 6 Medailen matbrengen.



Déi éicht Platzéierung gouf duerch den Egan Paquay erreecht. D’ Kategorie vun de brongen Ceinturen huet eng schwéier Aufgab gebueden, mee hie konnt sech um Tatami beweisen. No enger 4-1 Optaktvictoire huet hien sech am zweeten Tour misse geschloe gin. Am Repechage konnt den Egan dun awer nach eng Kéier 5-0 gewannen, a stoung sou op der drëtter Plaatz!

Als nächst waren d’schwaarz Ceinturen un der Reih. Wéi schon déi lescht Joeren konnt Walfer d’Elite dominéieren. Mam Bryan Antony an Ian Pocervina waren hei direkt zwee vun eisen Athleten un der Reih. No jeweils zwee gewonnenen Matcher stoungen sie an der Final, wou d’Kategorie op e frendschaftlechen Enn sollt kommen. De Ian entscheed d’Final fir sech a ka sou d’Coupe fir déi fënneft Kéier hanereneen mat Heem huelen. Gold a Sëlwer fir de Karate Walfer!

Um Nometten waren dun déi méi Jonk um Tour. Bei de weißen Ceinturen ënner 10 Joer koum et zu enger weiderer Bronze Medail duerch den Stephane Hillah. Et huet schlecht ausgesin nodeems hien schon am éichten Tour verluer hat. Iwwert de Repechage konnt de jonken Athlet awer alles nees gudd maachen: 3-2, 3-2 a schlussendlech 5-0 brengen de Stephane op déi drëtte Plaatz!

An der nämlechter Kategorie ënner 14 Joer huet den Daniel Silva en änlecht Resultat bruet. No engem gewonnenen an engem verluerenen Match gewënnt hien verdingt Bronze!

Bei de gielen Ceinturen gouf et e positivt Resultat duerch den Telmo Gomes. No engeméichten 5-0 gouf eisen Athlet eréicht an der Hallewfinal gestoppt, konnt sech awer mat engem 3-2 op déi drette Plaatz duerchkämpfen. Sei Fleiss am Training huet sech a senger Leeschtung eremgespigelt, an hien kritt seng Bronze Medail verdingt!

Déi lescht Medail gouf vum Ayleen Paquay gewonn. Hat haat vun all eisen Athleten éi meechte Ronnen bis et schlussendlech an der Final stoung. 5-0 an zwee Mol 4-1 waren kloer Resultater mat deenen hat sech duerchgekämpft huet. An der leschter Ronn sollt et dun awer net grad duergoen, an d’Ayleen muss sech mat der zweeter Plaatz zefridde gin!

Ayleen Paquay.jpg

Egan Paquay.jpg

Bryan an Ian.jpg