Aacht Medailen fir Walfer – Mess Cup 2015


09 June 2015

Op der desjähreger Editioun vum Mess-Cup konnt de Karate Club Walfer sech op e naits mat beandrockende Resultater presentéieren. Sechs mol Gold an zwee mol Sëlwer hun de Verein op déi fënneft Plaatz am Medailespigel bruecht, domadder déi beschte Platzéierung aus dem Zentrum.



Lass gang ass d’Compétitioun um Samste Mëtten mam Kata. Hei war d’Konkurrenz grouss an et war eng schwéier Aufgab fir eis Athleten sech duerchzesetzen. Ënnerstëtzt goufen sie vun den Traineren Danny Elsen, Bryan Antony a Ian Pocervina.

Am beschten huet sech hei den Egan Paquay verkaf: no engem knappen 3-2 konnt hien d’Final bei de Cadets kloer mat 5-0 fir sech entscheden!

Just laanscht eng weider Medail ass den Eduard Klos gerutscht. No insgesamt 3 gewonnenen Tir bei den U12 huet een eenzege Fändel an der leschter Ronn gefehlt fir den Athlet mat Bronze ze belounen. Trotzdem huet den Eduard eng staark Leeschtung gewissen, wat seng fënneft Plaatz och beweist.



Um Sonden am Kumite solllt et dann eréicht richteg lassgoe mat de Medailen. Vun de sechs Athleten ass keen ouni Platzéierung heemgang, véier dovun konnten hier respective Kategorie souguer gewannen. E grouse Merci geht hei un d’Sonja Steland als Coach!

Gleich zwee mol gestart ass de Malte Carr: Cadets +55 kg a Cadets Open. Béid Kéieren huet hien sech duergesat a senge Géigner keng Chance gelos: hie gewënnt zwou Goldmedailen ouni Géigentreffer!

Bei de Junioren gouf et eng Walfer Final zwëschend dem Kevin Thull an dem Noah Bettendorff. Déi zwee konnten hiere Wee an d’Final zu Null bewältegen. Am leschten Tour sollt et schließlech zu kengem Treffer méi kommen, déi zwee Athleten hun sech ze gudd aus dem Training kannt! Den Arbiteren hier Décisioun sollt dun zu Gonschte vum Noah ausfalen: Gold a Sëlwer bei de Junior Open!

Och d’Seniorskategorie vun de Männer ass fir Walfer entscheed gin. A just engem Tour huet hei de Philippe Biberich 7-3 géint en Athlet vun Diddeleng gewonn an eng weider Gold mat Heem geholl!

Eis Meedercher sollte sech um Mess Cup awer net manner gudd verkafen wéi d’Jongen. Eng éicht Plaatz gouf et fir d’Uma Baldeon. Bei den U14 +45 kg huet och d’Uma keen eenzege Punkt verluer. 1-0 an 8-0 an der Final hu seng super Leeschtung ënnerstrach!

D’Fiona Speicher misst sech leider mat enger zweeter Plaatz zefridde gin um Sonden. No enger 2-0 Victoire huet just ee Punkt géint d’Sabrina Dos Santos gefehlt fir bei de Juniorinnen ze gewannen. De Club gratuléiert dem Fiona duerfir fir seng sëlwer Medail!