Championnat National Kumite 2015


30 November 2015

D'Compétitiounsjoër 2015 ass mat der Landesmeeschterschaft am Kumite op en Enn gaang. De KC Walfer huet dës lescht Chance genotzt a sech nach eng Kéier vu senger beschter Seit gewissen: Duebelvictoire bei de Senioren!



D'Kinegskategorien goufen um Sonde vum Philippe Biberich a Jenny Warling gewonnen. Eis zwee Athleten konnte sech bei de Senioren am Open duerchsetzen a secheren sech déi éicht Goldmedaillen vum Dag! Déi zwee setzen nach een drop an dominéieren hier jeweileg Gewiichtskategorien, wat dem Club zwou weider Goldmedaillen abréngt.

Trainer Julien Baptiste féiert déi gudd Resultater vu senge Schützlinge weider, a gewënnt bei den Senioren +70 kg. De fréiere Kämpfer aus der "Equipe de France" huet sech no drei Ronnen seng éicht lëtzebuerger Goldmedaill verdingt!

Déi lescht Goldmedaill vum Daag geht op de Konto vum Uma Baldeon. Bei den U14 +45 kg huet d'Uma drei Ronnen viru sech, déi et alleguer gewënnt ouni en eenzege Punkt ofzegin! Eng impressionant Leeschtung déi um ierwechsten Treppchen vum Podium op en Enn geht.

De Malte Carr ass knapp laanscht dës Platzéierung gerutscht. Hie gewennt seng drei Virronnen bei den U16 +55 kg och zu Null, kann dëst awer leider net an der Final beibehalen. Hie verléiert hei 4-1 a muss sech mat Sëlwer zefridde gin.

Bei den U18 geht Walfer mat 2 Bronzemaillen heem. De Noah Bettendorff (-70 kg) an de Kevin Thull (+70 kg) kennen sech leider net bis zum Schluss duersetzen a landen op der drëtter Plaatz.



Beim Nowues huet d'Alexandra Darné sech am beschten ze verkafe gewosst. Hat kämpft fir d'éicht Kéier mat op der Championnat, dëst bei den U10 bis 30 kg. D'Alex gewënnt sein éichten Tour 3-0, muss sech awer am zweeten Tour ganz knapp mat 6-8 geschloe gin. Am Repechage huet hat awer seng Form erëmfonnt a sechert sech mat engem kloere 7-1 seng éichte Bronzemedaill. Gratulatioun fir dës super Leeschtung!



Um Enn vum Daag steht de KC Walfer op der zweeter Plaatz an der Clubwertung: 6 Mol Gold, 1 Mol Sëlwer an 3 Mol Bronze!