Daiwelchersturnéier 2016


18 January 2016

Nom Milon Cup zu Bettembourg war de Weekend fir de Karate Club Walfer nach laang net faerdeg. Um Sondeg war de Vereien déi éichte Kéier beim "Daiwelchersturnéier" zu Déifferdeng matdabei. Hei louch et bei den U9 fir sech eng éichte Kéier um groussen Tatami ze beweisen, dëst am Kata an am Kumite!



D'Equipe vu Walfer bestoung aus 4 klengen Daiwelcher: Sonia Carr, Jasper Mevis, Elena Olafsson a Malna Szabo. Begleed vun Eltren an Trainer wossten se alleguer den Arbiteren ze gefalen! Deen een oder aneren war vielleicht e bëssen nervös am Ufank, mee no der éichter Ronn alleng um Tatami waren se net méi ze bremsen: déi 4 konnten alleguer e Match gewannen, souwuel am Kata wéi am Kumite!

D'Trainer Steve Bettendorff, Ian Pocervina a Bryan Antony hätte net méi zefridde kënne sin mat hiere Schützlingen. D'Sonia, de Jasper, d'Elena an d'Malna hu gewissen, dass sie mat denen anere Kanner aus dem Land locker kenne mathalen, an hiere Spaass un der Compétitioun fonnt hun. Um Enn vum Dag goufe si duerfir och alleguer mat enger Medail belount!

thumb_IMG_5372_1024.jpg

FullSizeRender.jpg

IMG_5074.JPG