De Philippe sechert sech Gold! - Internationiales U21 Randori 2015


18 May 2015

De Weekend war de Philippe Biberich mat der Nationaléquipe ënnerwee. D'Ziel fir hien war de "5. Internationales U21 Rondori" zu Rimbach an Daitschland. Zreck op Walfer kennt hien als erfollegreichsten Athlet aus Letzebuerg, dat mat enger Goldmedail!



Wéi gewinnt war seng Kategorie staark besat mat insgesamt 4 Poolen. Ganzer siewe Ronnen huet de Philippe misse gewannen fir um Enn vum Dag Uewen um Podium ze stoen. Dobei huet hien ënnert anerem Memberen vum Däitsche Bundeskader hannert sech gelos. Gecoacht gouf hie vum Lëtzebuerger Nationaltrainer Michaël Lecaplain.

De Club gratuéiert dem Walfer Athlet zu dëser super Leeschtung!