Dem Misch Feidt seng Gold-Meedercher - Open de Luxembourg 2015

E stolze Misch Feidt mat senge Meedercher



27 April 2015

De leschte Weekend vum Mount Abrëll am Kalenner vum Karate Walfer war spannend: Nierwt den Daitsche Meeschterschaften stoung och déi siewend Editioun vun den Open de Luxembourg zu Déifferdeng um Plang. Do konnt de Verein sech gleich iwwer 6 Platzéirunge freeën: 3 Mol Gold, 2 Mol Selwer an 1 Mol Bronze!



Lass gang as et e Samsten mat der Kumite Equipe vun Trainer a President Misch Feidt. De Philipp Biberich as fir d’Nationaléquipe ugetrueden an huet wahrscheinlech de beandrockendste Parcours hannerlos. No net manner wéi 4 zu null Victoiren géint Athleten aus Frankreich, der Belge a Lëtzebuerg, stoung hien an der Final vun de Junioren -68 kg. Och a senger leschter Ronn huet hien naicht ubrenne gelos, an de Belge Kenneth Gabriels mat 6-0 Heem gescheckt!

Genau wéi de Philipp war d’Luana Gengler fir d’Nationaléquipe ennerwee, dat bei den U14 -55 kg. Och him gouf naicht geschenkt, 4 Ronnen géint Franséich, Schwedesch an Daitsch Kämpferinnen huet hat misse fir sech entscheeden ier et sech iwwert d’Final konnt freeën. Do misst hat sech leider 0-3 géint d’Amelie Grun aus Frankreich geschloe gin. Belount gouf seng Leeschtung duerfir mat Selwer!

Wéi gewinnt wosst och d’Jenny Warling ze iwwerzegen. E 4-0 an en 8-0 hu kloer gemaach, dass bei de Seniorinnen -53 kg nemmen eent Uewen um Treppchen stoe konnt, Gold fir eist Jenny an d’Nationaléquipe!

De Malte Carr huet de Club bei de Cadets -57 kg vertrueden. No Optaktvictoiren géint Daitsch a Portugiesesch Athleten stoung hien an der halwer Final géint en Athlet aus der Lëtzeboier Nationaléquipe. Hei konnt de Malte sech 2-1 duerchsetzen a war an der Final géint de Corentin Falorni aus Frankreich. No engem 0-3 konnt de Malte eng weider selwer Medail fir Walfer mat Heem huelen!

Déi drëtt Gold Medail ass un d’Uma Baldeon gang. Bei den U14 +55 kg huet hat naicht ubrenne gelos. Ganzer 4 Ronnen konnt d’Uma gewannen, wat him um Enn déi ierwechst Plaatz um Podium abruecht huet. No enger spannender 7-5 Final war dëst eng verdingte Belounung!

Duerch d’Fiona Speicher gouf d’Collectioun vu Medailen ofgeschloss. Eréicht an der halwer Final vun den Juniorinnen -53 kg gouf hat gestoppt, wat him allerdings d’Chance op Bronze gin huet. No engem secheren 6-2 géint d’Jolien Van Vreckem aus der Belge war him d’Platzéierung secher!



Mat dese beandrockende Resultater huet de Misch Feidt op en Neitst bewissen, dass hien d’Nues vir huet am Kumite, zumols wann et ëm de Nowues bei de Frae geht. Seng Equipe wosst sech duerchzesetzen an ze gefalen, wat hien siichtlech zefridde gestëmmt huet.

Manner gudd Resultater waren um Sonden ze vermellen, wou de Kata um Programme stoung.



De Bryan Antony as gleich zwee Mol ugetrueden, dëst am Open a bei de Senioren. An der éichter Kategorie sollt schon no der éichter Ronn géint an Athlet aus Holland Schluss sin. Bei de Sennioren wosst en méi ze gefalen. Hei huet en sech mat enger staarker éichter Ronn presentéiert: mat Kanku Sho gewënnt hien kloer 5-0. Am Tuer drop muss en sech leider géint de spéideren zweet platzéierten aus Portugal geschloe gin. Iwwert den Repechage kann hien dann awer nach seng zweet Chance notzen. De Bryan gewënnt 3-2 géint de Pierre Pirotte aus der Nationaléquipe, an dat obwuel dësen sei beschte Kata ausgepaack huet. Géint e Belgen Athlet sollt dun awer endgülteg Schluss sin, an de Bryan verpasst knapps de Podium, hie packt et op déi fenneft Plaatz!

E schnelle Schluss gouf et leider och bei de Cadets fir den Egan Paquay. En 0-5 géint den Tréierer Dusemund loosen hien ouni Platzéierung!

Seng Schwester Maïwen huet et bei den U14 allerdengs bis an d’Véierelsfinal gepackt. No engem kloeren 5-0 gouf hat gestoppt vun der spéiderer Gewennerin Jasmine Meurant. Nom repechage steht d’Maïwen op der siewenter Plaatz!

Als leschte Vertrieder vum Karate Walfer as den Jonathan Karg-Despeux op den Tatami gang. E kloeren 5-0 am éichten Tour war e super Start bei den U10 fir de jonken Athlet. Géint de spéideren drëtt platzéierten vu Stroßen war dun awer Schluss, an d’Compétitioun fir Walfer eriwwer.