Walfer Team op éichter Plaz! - Championat Nationale Kumite par Equipes 2015


18 May 2015

Um Sonde war de Karate Walfer mat enger Equipe op de nationale Meeschterschaften an der Coque vertruden. De Misch Feidt huet dobei d'Luana Gengler, d'Uma Baldeon an d'Katherine Darne gecoacht, an zesummen hun se et op déi éicht Plaz gepackt!



Déi éicht Ronn hun déi drei Meedercher misse géint Niederanven kämpfen. Mat 2-1 konnten sie sech hei duerchsetzen, a stoungen domadds och schon an der Final géint Athletinnen aus Stroossen. Am wichtege Moment konnte sie hiert Kënnen ënner Beweis stellen. 2-1 stoung et no drei Matcher, an de Misch konnt sech iwwert eng Goldmedail fir seng Meedercher freeën!

Gold fir Walfer.jpg